ZWEE ËNNERWEE (5-10 Joer)

PRODUKTIOUN ROTONDES

MAM BETSY DENTZER & NATAŠA GRUJOVIC

5-10 joer
Cycle 1 – Cycle 3
ERZIELTHEATER MAT LIVE-MUSEK
Dauer : 45 min.

SONNDEG 09.02.20 | 11:00 Tickets & 16:00 Tickets
DËNSCHDEG 11.02.20 | 14:30 Tickets
Schoulvirstellungen
MÉINDEG 10.02.20 | 09:00 & 10:30
DËNSCHDEG 11.02.20 | 09:00 & 10:30

Am CAPE Ettelbréck Sprooch: Lëtzebuergesch | Tarif 12€ – 6€ – 1.50€
Reservatioun T. 26 81 26 81 | www.cape.lu
Schoulvirstellungen T. 26 81 21-300 | scolaires@cape.lu | Reservatioun Schoulen & Maison Relais (PDF)

Ech ginn op d’Rees an huele mäi Rucksak mat. A mäi Rucksak paken ech:
eng Weltkaart
eng Weltkaart an eng Schwammkap.
eng Weltkaart, eng Schwammkap an eng Melodie.
eng Weltkaart, eng Schwammkap, eng Melodie an eng kleng Dous Luussegkeet.
eng Weltkaart, eng Schwammkap, eng Melodie, eng kleng Dous Luussegkeet an en ängschtlecht „Blënzelen“.
No enger spannender éischter Rees duerch Nordamerika, d’Tierkei
an de Kongo huet d’Betsy sech nees op de Wee gemaach, fir nei Geschichten uechter d’Welt ze sammelen. D’Nataša huet sech säin Akkordeon op de Réck gelueden an huet sech mat him zesummen op de Wee gemaach. Vill Stonne laang hu si nogelauschtert, ausgetosch, musizéiert a gesongen, si si getrëppelt a geflunn a geschwomm…
an elo si si nees doheem an hunn nees e ganze Rucksak voller Geschichten dobäi, deene si ënnerwee begéint sinn… ënnerwee zu zwee.

Erzielung Betsy Dentzer · Akkordeon Nataša Grujović
Kostümer Natercia Rebelo · Kënstleresch Berodung Theater Milla Trausch Kënstleresch Berodung Musek Jean Bermes