EI,EI,EI ?! (AB 8 JOER)

ROTONDES, LUISA BEVILACQUA

D’EE ODER D’HONG, WIE WAR ALS EISCHT DO?

Ab 8 joer
Cycle 3 & 4
OBJETSTHEATER
Dauer : 45 min.

DËNSCHDEG 21.01.20 | 16:00 Tickets
Schoulvirstellungen
DËNSCHDEG 21.01.20 | 10:00
MËTTWOCH 22.01.20 | 10:00

Download Reservéirungsformular fir Gruppen ( Schoulen, Maison Relais )

Am Mierscher Kulturhaus Sprooch: Lëtzebuergesch | Tarif 16€ – 8€
Reservatioun T. 47 08 95 1 | www.luxembourgticket.lu
Schoulvirstellungen T. 26 32 43 1 | scolaires@kulturhaus.lu |

Wat koum fir d’éischt : d’Ee oder d’Hong? Op dës Fro versicht dat klengt Clémentine eng Äntwert ze fannen. Säi Virwëlz bréngt hatt an der Bomi hiren Hëngerstall. Do entdeckt hatt den Henry, d’Chica Loca, d’Elizabeth an d’Madeleine, mee net d’Äntwert op seng Fro. Net schlëmm ! D’Clémentine fuerscht monter weider a stéisst op vill Spannendes, dat hatt iwwert de Joren zu enger eenzegaarteger Sammlung zesummendréit.
No senger grousser Première um Marionnettefestival 2018 verléisst Ei, ei, ei?! seng Scheier zu Toodler, fir elo den Awunner aus dem ganze Land eng kuerzgefaasst an decaléiert Versioun vun der Evolutiounsgeschicht vum scheinbar harmloseste Plommendéier op der Welt ze erzielen.
E poetescht an humorvollt Stéck iwwer d’Wichtegkeet, am Liewe Froen ze stellen.

Iddi a Spill Luisa Bevilacqua · Regie Linda Bonvini · Luuchten Nico Tremblay · Fotosrechter Literarische Hühner, Fotografien von Beth Moon. Elisabeth Sandman Verlag · Produktioun Rotondes