DE KAPITÄN MULLEBUTZ A SENG SÉISSWAASSERMATROUSEN SI WIBBELEG (4-9 Joer)

DAN TANSON & GEORGES URWALD

ENG GROUSS MUSIKALESCH PARTY FIR KANNER

4 – 9 joer
Cycle 1 – Cycle 3
MUSIKALESCHE SPEKTAKEL
Dauer : 55 min.

SONNDEG 01.03.20 | 16:00 Tickets
Schoulvirstellung
MÉINDEG 02.03.20 | 10:00

Am CAPE Ettelbréck Sprooch: Lëtzebuergesch | Tarif 12€ – 6€ – 1.50€
Reservatioun T. 26 81 26 81 | www.cape.lu
Schoulvirstellungen T. 26 81 21-300 | M. scolaires@cape.lu | Reservatioun Schoulen & Maison Relais (PDF)

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse komme vun hire Reesen nees zeréck op Lëtzebuerg an si hu Lidder aus der ganzer Welt am Gepäck! Hir Missioun: Déi kleng Piraten un d’Wibbelen an un d‘Sangen kréien. Gedanzt duerf natierlech och ginn, ëmmerhi wëll d’Madamm Li, dass hir Matrousenband eppes fir d’Figur mécht a nees a Form kënnt. Déi erfollegräich Iddi, fir flott Kannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, a Popsongs vu Poutty Stein bis Van Halen a The Cure kannergerecht an op Lëtzebuergesch ze bréngen, kënnt an déi zweet Editioun. Den Dan Tanson an de Georges Urwald hu sech et als Ziel gesat, Kanner a Jugendlecher fir Musek ze begeeschteren, andeems si se motivéiere selwer matzemaachen, sief dat beim Sangen, Danzen oder bei spilleresche Workshops. Am CAPE invitéieren si d‘Kanner zesumme mat hiren Elteren, e flotte Matmaach-Concert ze erliewen.

Konzeptioun a Gesank Dan Tanson, Iddi · Arrangementer, Piano, Akkordeon, Klackespill Georges Urwald · Arrangementer, Elektronik a Getrommels Max Sauber · Gittar Christian Peckels · Bassgei Tom Wiot · Trompett Jhang Kohnen Gei a Gesank Noémie Leer · Tountechnik Georges Majerus