FREDERICK (11.06. -13.06.19) – (3-6 Joer)

LA COMPAGNIE DU GRAND BOUBE

FRÄI ADAPTÉIERT NO DER BILLERGESCHICHT VUM LEO LIONNI

Précoce, Cycle 1
OBJEKTTHEATER & MUSEK
DAUER : 35 MIN.

Am CAPE Ettelbruck | Sprooch: Lëtzebuergesch | Tarif 12 € * 6 € * 1,50 €
Reservatioun T. 26 81 26 81 | www.cape.lu
Schoulvirstellung T. 26 81 21-300 | scolaires@cape.lu | download Reservéirungsformulär | Conditions de vente CAPE 2017-2018

Dënschdeg, 11.06.19 | 14:30 Tickets
Donneschdeg, 13.06.2019 | 14:30 Tickets
Schoulvirstellung
Dënschdeg, 11.06.19 | 10:30 (Première)
Mëttwoch, 12.06.19 | 09:00, 10:30 & 14:30
Donneschdeg, 13.06.19 | 09:00, 10:30

Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. Dee Bauer ass geplënnert, an d’Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d’Mais musse Provisioune fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just de Frederick net. Heen dreemt. Di aner Mais froen hien „Ma wat méchs du do?”, mee seng Äntwerte bleiwe rätselhaft. Hie sammelt Faarwen, Sonn a schéi Wierder fir déi laang Wanterowenter… hien ass e richtegen Artist!